
Aus dem nationale Futtball ass et d’Nouvelle, datt den Arno Bonvini net méi Trainer vu Munneref ass. De Veräin huet um Méindeg de Moie matgedeelt, datt ee sech no der 2-3 Néierlag géint de Racing vum Coach getrennt huet. Den David Zitelli wäert bis Enn der Saison iwwerhuelen. Munneref läit den Ament 1 Punkt virun der Barrage Plaz.