
Dat esouwuel bei den Hären ewéi och bei den Dammen. Am Best-Of-Three-Modus wäerte sech 8 Ekippen, ëm déi 4 Plazen an der Finall streiden.
Bei Häre sti sech Steesel an d’Fiels an Esch an Diddeleng an den Halleffinalle géigeniwwer. Och wann déi Fielsser Ekipp de Coupe-Gewënner Ettelbréck an der Véierelsfinall eliminéiert huet, gëtt ee sech mat dëser Victoire nach net zefridden. Dobäi kënnt, datt op Steeseler Säit de Bob Melcher blesséiert feelt. Dem Fielsser Spiller DJ Wilson no, dierft een de Géigner awer op kee Fall ënnerschätzen.
“Si haten elo scho vum zweete Mëttwoch u Paus. Mir hu se well eng Kéier dës Saison geklappt, eng Kéier verluer. Mat oder ouni de Bob Melcher, an de Playoffs maachen esou Saache keen Ënnerscheed. Dat hu mir bei Bartreng gesinn. Do huet d’hallef Ekipp gefeelt a si hunn Diddeleng awer bis zum Schluss gepusht. An der Halleffinall wier een net ganz clever eng Ekipp ze ënnerschätzen. Ech mierken an der Ekipp, datt mir net feieren, wéi wa mir schonn eppes gewonnen hätten. Dat Gefill hat ech d’lescht Joer wéi mir an d’Coupe-Finall koumen. Mir sinn nach net fäerdeg an dat gefält mir gutt.”
An der zweeter Halleffinall bei den Häre krit de Coupe-Finalist vun Esch et mam T71 Diddeleng ze dinn. Och hei kann ee sech spannend Dueller erwaarden. Fir den Diddelenger Kapitän Kevin Moura däerf ee sech net méi esou presentéieren wéi an der zweeter Véierelsfinall géint d’Sparta.
“Wat mir net däerfen hunn, ass esou ee Komplett-Ausfall wéi an der zweeter Hallschent e Mëttwoch. Elo ass Halleffinall, dat däerf net méi passéieren. Mir wëllen an d’Finall kommen an och wannen. Dofir musse mir och iwwert déi 40 Minutte konstant sinn an et däerf ee kee Blackout méi hunn.”
Bei den Damme kënnt et zur Neioplo vun der Coupe-Finall tëscht dem Gréngewald Hueschtert an der Sparta Bartreng. Donieft spillt och nach Diddeleng géint Walfer. D’Matcher kënnt Dir an der Live Arena op RTL Play kucken.