
Zu London am Tottenham Stadium hunn d’Jacksonville Jaguars mat 25:20 géint d’Buffalo Bills gewonnen. De Rookie-Quarterback C.J. Stroud huet iwwerdeems e Rekord gebrach. Hien huet bis elo nach keng eenzeg Interception a senger NFL-Karriär geheit, dat no elo schonns 186 Passen. Nawell hu seng Houston Texans e spannende Match géint d’Atlanta Falcons mat 19:21 verluer.
D’Pittsburgh Steelers hu fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt, andeems si no engem 0:10-Réckstand nach mat 17:10 géint d’Baltimore Ravens gewonnen hunn. D’San Francisco 49ers hunn den Dallas Cowboys keng Chance gelooss bei der 42:10-Victoire. De 49ers-Quarterback Brock Purdy huet 4 Touchdown-Passe geheit, 3 dovunner op säin Tight End George Kittle.
Chicago Bears - Washington Commanders 40:20
Jacksonville Jaguars - Buffalo Bills 25:20
Houston Texans - Atlanta Falcons 19:21
Carolina Panthers - Detroit Lions 24:42
Tennessee Titans - Indianapolis Colts 16:23
New York Giants - Miami Dolphins 16:31
New Orleans Saints - New England Patriots 34:0
Baltimore Ravens - Pittsburgh Steelers 10:17
Cincinnati Bengals - Arizona Cardinals 34:20
Philadelphia Eagles - Los Angeles Rams 23:14
New York Jets - Denver Broncos 31:21
Kansas City Chiefs - Minnesota Vikings 27:20
Dallas Cowboys - San Francisco 49ers 10:42