Mat enger Zäit vu knapp ënner 8 Minutten an 28 Sekonne bleift de Lëtzebuerger wäit iwwer sengem perséinleche Rekord an huet um Enn keng Chance, fir sech fir d’Finall ze qualifizéieren.
Am Interview beim Jeff Kettenmeyer sot de Ruben Querinjean, dass hien zefridde wier, et wier déi éischte Kéier gewiescht, dass hien an esou engem Stadion gelaf wier, hien ergänzt: “Ech si frou, net leschte ginn ze sinn.” Vun den Zäite vun den aneren Athlete vu senger Serie wier dat esou ze erwaarde gewiescht.
Et huet ee gemierkt, dass an der Mëtt vun der Course, wou nach fënnef Ronnen ze lafe waren, de Lëtzebuerger den Uschloss un d’Spëtzt verluer huet. An dunn net méi richteg an d’Course zeréckfonnt huet. Op engem gudden Dag hätt de Ruben Querinjean déi Zäit, déi un der Spëtzt gelaf gouf, och gepackt.
Säin Trainer hätt him vun dësem Zenario vun der Course geschwat, dass ongeféier an der Hallschent géif eng Cassure opgoen, hie wier enttäuscht gewiescht, do den Uschloss verluer ze hunn. Déi éischt 1000m wieren extrem lues gewiescht, et wier eventuell besser gewiescht, do den Tempo méi ze forcéieren, esou de Lëtzebuerger an enger éischter Analys.
Fir de Ruben Querinjean war et déi éischte Kéier, wou hien an esou enger Kuliss gelaf ass. Op de leschte Ronnen hätt hie sech dat alles genee ugekuckt a net aus der Rou huele gelooss. Wéi hien iwwert d’Arrivée gelaf ass, hätt hie geduecht: “Ech hunn et gepackt.”