D’Lëtzebuergerin ass e Freideg an der Mëttegstonn mat engem Chrono vun 11,14 Sekonnen op déi zweet Plaz an hirem Virlaf komm, domadder huet sech d’Lëtzebuergerin direkt fir déi nächst Ronn qualifizéiert.
“Eng direkt Quali ass ëmmer gutt”, esou d’Patrizia van der Weken am RTL-Interview. Et wier d’Zil gewiescht, sech direkt ze qualifizéieren, an eng zweet Plaz an der Serie wier elo ideal gewiescht.
“Ech hu scho probéiert, séier ze lafen, ganz kloer, mee d’Zäit ass niewesächlech.”
Gutt Stëmmung am Stade de France
D’Ambiance wier extreem gutt an aneschters wéi bei Meetingen. Och am olympeschen Duerf wier speziell, well ëmmer esouvill Leit do sinn an d’Weeër relativ wäit sinn.
“Dat ass alles méi Stress. An et mierkt een, dass d’Medie ronderëm halt méi do sinn, wéi am Normalfall. Mee bon, dass cool et gehéiert dozou. An ech mengen, bis elo ass et jo ganz okay.”
“Eng Schëpp dropleeën” fir d’Halleffinall
Um Samschdeg leeft d’Patrizia van der Weken d’Halleffinall. Si hofft, dass si dann nach eng Schëpp kann dropleeën.
“Ech probéieren, awer mäi Bescht ze maachen, esou no wéi méiglech un d’Finall erunzekommen. Ech mengen ech hunn déi ganz Saison gewisen, dass ech dat u sech kéint.”
Op RTL.lu kënnt Dir e Samschdeg den Owend um 19.50 Auer d’Halleffinall mam Patrizia van der Weken am Livestream kucken.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller