Europa LeagueEintracht Frankfurt a Barcelona trenne sech 1:1

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend sinn am Futtball d'Allersmatcher vun de Véierelsfinallen an der Europa League gespillt ginn.
© Daniel ROLAND / AFP

De grousse Favorit op den Titel, den FC Barcelona, huet missen zu Frankfurt bei der Eintracht am Allersmatch untrieden. Ma Barcelona ass et net gelongen, iwwert en 1:1 géint déi däitsch Ekipp erauszekommen. An der 48. Minutt war et de Knauff, dee fir Frankfurt den 1:0 markéiere konnt, an der 66. Minutt dunn, huet den Torres den 1:1-Ausgläich fir Barcelona geschoss. Beim Remis ass et dunn och bliwwen.

Sporting Braga setzt sech dogéint knapp mat 1:0 géint d’Glasgow Rangers duerch.

West Ham United an Olympique Lyon spillen um Donneschdeg den Owend 1:1 gläich.

An och RB Leipzig an Atalanta Bergamo trenne sech 1:1.

D’Retourmatcher ginn den nächsten Donneschdeg gespillt. Hei decidéiert sech dann, wien et an d’Halleffinalle packt.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO