Coupe des Princes: FCD a Luna bezéie StellungÉischt Provokatioune wiere vun Ettelbrécker Spiller ausgaangen

RTL Lëtzebuerg
De 7. Dezember koum et nom Coupe-des-Princes-Match am Futtball bei de Junioren tëscht Ettelbréck an Déifferdeng zu Kläppereien.

An enger éischter Phas hat et vun Ettelbrécker Säit geheescht, datt Déifferdenger Spiller op déi vun der Etzella duergaange wieren. En Donneschdeg de Mëtteg koum elo eng Reaktioun vun Déifferdeng.

Interview mam Guy Altmeisch vum FCD03 / Rep. Rich Simon

Am Schreiwes heescht et, datt déi éischte Provokatioune vun Ettelbrécker Spiller ausgaange wieren an doropshin déi Déifferdenger deenen Ettelbrécker nogelaf wieren.

Den Déifferdenger Veräi wëll alles drusetzen, fir der Justiz an och der FLF ze hëllefen, fir datt de Fall opgekläert gëtt.

PDF: Schreiwes vum FC Déifferdeng 03

Back to Top
CIM LOGO