
Am Grupp G steet Holland nom klore 4:0 géint Finnland an der Amsterdamer Johan Cruijff Arena mat 16 Punkten weider op der éischter Plaz. Polen huet no der 2:0-Victoire géint Litauen 13 Punkten um Kont. Finnland kënnt mat engem Match méi op 10 Punkten.
Am Grupp C liwwere sech Schottland an Dänemark e Kapp-u-Kapp-Duell fir d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft. Souwuel fir Dänemark géint Griichenland wéi och fir Schottland géint Belarus gouf et e Sonndeg den Owend eng Victoire, sou datt béid Ekippe virun den zwee leschte Spilldeeg 10 Punkten um Kont hunn. Griichenland huet keng Chance méi op d’WM.
Am Grupp L erhalen d’Färöer Inselen hir Hoffnung op hir éischt Participatioun bei enger WM oprecht. Am decisiven Duell géint Tschechien gouf et eng 2:1-Victoire fir d’Feringer, déi elo just nach ee Punkt hannert den Tscheche leien. Fir et um Enn awer nach op déi zweet Plaz an der Tabell ze packen, mussen d’Färöer Inselen an hirem leschte Match beim Tabelleleader Kroatien op d’mannst Gläichspillen an hoffen, datt d’Tschechen géint den Tabelleleschte Gibraltar verléieren. Eréischt da géingen d’Färöer Inselen am Playoff ëm de WM-Ticket spillen.
Duerch eng 3:0-Victoire géint Gibraltar läit Kroatien an der Tabell vum Grupp L dräi Punkte virun Tschechien.
D’Victoire vun Zypern a San Marino huet keng weider Repercussiounen op d’Grupp H. Hei huet sech och nach Rumänien duerch e Gol an der Nospillzäit mat 1:0 géint Éisträich behaapt. D’Éisträicher verpassen domadder e grousse Schratt a Richtung WM.
An der Tabell läit Éisträich op Plaz 1 mat 15 Punkten, Bosnien-Herzegowina huet der 13 a Rumänien der 10. Déi dräi Länner hunn nach zwee Matcher ze spillen.
Schottland - Wäissrussland 2:1
1:0 Adams (15'), 2:0 McTominay (84'), 2:1 Kuchko (90'+6)
Dänemark - Griicheland 3:1
1:0 Hojlund (21'), 2:0 Andersen (40'), 3:0 Damsgaard (41'), 3:1 Tzolis (63')
Holland - Finnland 4:0
1:0 Malen (8'), 2:0 van Dijk (17'), 3:0 (38', Eelefmeter), 4:0 Gakpo (84')
Litauen - Polen0:2
0:1 Szymanski (15'), 0:2 Lewandowski (64')
San Marino - Zypern 0:4
0:1 Loizou (9'), 0:2 Andreou (59'), 0:3 Kastanos (67', Eelefmeter), 0:4 Kakoulis (79')
Rumänien - Éisträich 1:0
1:0 Ghita (90+5')
Färöer - Tschechien 2:1
1:0 Sörensen (67'), 1:1 Karabec (78'), 2:1 Agnarsson (81')
Kroatien - Gibraltar 3:0
1:0 Fruk (30'), 2:0 Sucic (78'), 3:0 Erlic (90+6')