
Dresden a Saarbrécken kënne virum leschte Spilldag nach op 2 respektiv 3 Punkten erukommen. Elversberg huet den Ament awer eng däitlech besser Goldifferenz (+15) wéi Saarbrécken a kann dowéinst bal net méi vun den zwou éischte Plaze rëtschen. Déi zweet Ekipp vu Freiburg kéint theoretesch an der Tabell och nach laanschtzéien, déi dierf awer net opsteigen. Nodeems Elversberg déi ganz Saison uewe matgespillt huet, wier den Opstig an déi 2. Bundesliga méi wéi verdéngt.
De Lëtzebuerger Raphael Duarte ass 27 Joer al an zu Elversberg de Co-Trainer vum Horst Steffen. Nodeems een d’lescht Saison nach an der Regionalliga gespillt huet, hunn Duarte a Co. den nächsten Opstig esou gutt wéi gepackt.