
Hannert der Schwedin koumen d’Marte Olsbu Røiseland aus Norwegen an d’Dorothea Wierer aus Italien op d’Plazen zwee an dräi, dat mat 21, respektiv 29 Sekonne Retard. Allen 3 sinn um Schéissstand feelerfräi bliwwen, deemno ass et e Mëttwoch am Kampf ëm déi éischt Plaze just ëm d’Vitess gaangen an do war d’Schwedin e Mëttwoch net ze klappen.
Fir d’Elvira Öberg ass et déi drëtt Victoire an dësem Wanter. Elo, wou d’Olympesch Spiller méi no kommen, kënnt déi 22 Joer al Schwedin ëmmer besser a Form.