
All Méindeg um 20 Auer, 34 Mol am Joer wärend der Saison, gëtt RTL de Supporter vum Lëtzebuerger Futtball Rendez-vous op der Tëlee an duerno um RTL Play. D’Emissioun Goal gëtt en Iwwerbléck iwwert de Championnat vum Weekend a wërft e Bléck hannert d’Kulisse vum Futtball mat Sujeten iwwert d’Clibb, d’Nowuesstalenter an den Dammefuttball.

Dësen Donneschdeg hunn RTL, d’FLF an de Sponsor CMCM (Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste) eng weider Kollaboratioun ënnerschriwwen, mat där d’Emissioun Goal nach eemol bis 2025 verlängert gëtt.
Och de Partnerschaftsvertrag tëscht RTL an der Lëtzebuerger Futtballfederatioun gouf dësen Donneschdeg fir weider 3 Joer erneiert.
Zënter 2006 gouf dës Zesummenaarbecht am Laf vun de Joren a ville Beräicher verdéift. Ënnert anerem engagéiert RTL sech, fir de Lëtzebuerger Futtball am Allgemengen, dorënner d’Championnat, d’Coupe an déi international Competitiounen, ze promouvéieren. Donieft wëll RTL och ganz speziell d’Efforte vun der FLF am Nowuess- an am Dammeberäich mat Promotioun ënnerstëtzen.
