
Dës Leeschtung huet d’Schülerin aus dem Sport Lycée bei den EYOF (European Youth Olympics Festival) 2025 gewisen an ass an der Zäit vu 2:36.45 op eng gutt 6. Plaz geschwommen. Beim Euro Meet am Februar hat déi zu deem Zäitpunkt 14 Joer jonk Sportlerin no 2:37.13 ugeschloen an deemools schonn en neien nationale Rekord iwwer 200 Meter Brasse opgestallt.