Futtball-WM vun den DammenEn Tëschebilan, zesumme mam Dan Santos

RTL Lëtzebuerg
Zanter ronn enger Woch gëtt an Australien an Neiséiland d'Futtball-Damme-Weltmeeschterschaft gespillt.

26 Matcher si bis ewell gespillt an de Sam Rickal huet een éischte klenge Tëschebilan vun dëser Damme-WM gezunn.

Tëschebilan Futtball-WM vun den Dammen / Sam Rickal

Opfälleg ass, datt den Ecart tëscht deene groussen a klenge Futtball-Natiounen een Tick méi kleng ginn ass. Bis op vereenzelt Matcher goufen et keng héich Resultater an donieft ass dem Weltmeeschter USA hir Serie vun 13 Victoiren um Stéck géint Holland gerass. Wéi bei all groussen Turnéier ginn et awer och e puer Iwwerraschungen an Enttäuschungen. Dozou de Lëtzebuerger Dammen-Nationaltrainer Dan Santos.

Dan Santos: “D’Fransousen di sech ganz schwéier, dat kënnt och e bëssen iwwerraschend. Däitschland ass a Form. Och wann d’Amerikanerinnen elo gläich gespillt hunn, spille si elo ee schwéiere Match géint Portugal, déi ee ganz gudde Match géint de Vietnam gespillt hunn. Mee ech denken, datt d’Favoritte wäerten um Rendezvous sinn.”

Donieft schätzt den Dan Santos d’Japanerinne ganz staark an an hien denkt, datt d’Norwegen et, duerch hiren Ëmbroch am Kader, kéinte schwéier kréien. Den Nationaltrainer mengt, datt d’USA an England am weidere Verlaf vum Tournoi ee Wuert ëm den Titel kënne matschwätzen. Donieft gesäit hien awer nach zwou Ekippen, déi et wäit kënne packen. Och wann hie sech nach net op een neie Weltmeeschter wëll festleeën.

Dan Santos: “Wie Weltmeeschter gëtt, gesi mer dann an der Finall. Mee zu dësem Ament géing ech op Däitschland oder Spuenien tippen. Mee et ass nach fréi am Tournoi.”

Mat 1,5 Millioune verkaaften Ticketen ass d’Damme-Futtball-WM elo schonn ee groussen Erfolleg.

Back to Top
CIM LOGO