
Et ware wuel déi schlëmmste Stonnen am Liewe vun deenen 3 Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Oli a Vincent Thill an Enes Mahmutovic, déi jo allen dräi Profi an der Ukrain sinn, fir aus dem Land, an deem zanter der leschter Woch d’Russe Krich féieren, erauszekommen. Fir déi 3 Betraffen, awer och fir d’Famill a Bekannten heiheem, ass d’Odyssee e Sonndeg am Nomëtteg glécklech op en Enn gaangen.
Et ginn esou Momenter an engem Liewen, déi muss een net erlieft hunn. Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg waren esou 48 Stonne fir den Enes Mahmutovic, dee Profi beim FC Lviv ass, a fir den Vincent an den Oli Thill, déi hiert Brout zu Poltawa verdéngen.
Et waren 2 stresseg Deeg mat ganz wéineg Schlof. Dat si Saachen, déi kann ee sech emol net erdreemen.
Een deen d’lescht Woch schonn a Kontakt mat de Spiller war, éiert de Krich iwwerhaapt ugefaangen hat, war de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz.
En Dënschden oder Mëttwoch hat ech nach den Oli Thill um Telefon, dee seng Fra a säi Kand heemgeschéckt huet. Si krute vum Veräin gesot, de Weekend wär op jiddwerfalls nach Championnat. An op eemol huet de Krich ugefaangen.
An deene schwéiere Stonnen huet den FLF-Coach probéiert, esou gutt wéi méiglech fir seng Jongen do ze sinn.
Wou 3 Spiller tëscht 48 bis 60 Stonnen ënnerwee waren, a wann een dann d’Messagë gesäit, déi ech mat hinnen hat, da gesäit een, a wéi engem Stress a wéi enger Angscht déi Jonge waren, an do muss een dem Ausseminister Jean Asselborn och e grousse Merci soen.
E Sonndeg den Owend sinn déi 3 Futtballnationalspiller nees hei zu Lëtzebuerg gewiescht. E Méindeg huet de Luc Holtz den Enes Mahmutovic an de Vincent an den Oli Thill dann an de Büroe vun der Federatioun scho gesinn.
Besonnesch den Enes war nach vun där Aventure gezeechent, well een do Biller gesinn huet, déi mir eis guer net kënne verstellen. Fraen a Kanner konnten iwwert d’Grenz an hunn d’Männer missen doloossen.
De Luc Holtz huet vun der Situatioun geschwat, déi den Enes Mahmutovic op der polnescher Grenz erlieft huet: Et war och vill Panik a chaotesch. Et waren och vill Aler a Kanner, déi hëllef gebraucht hunn, d’Ambulanze koumen awer net dohinner.
Déi beschte Medezin, fir déi traumatesch Erliefnisser ze verschaffen, ass um Stéck ze stoen, seet den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz.
Dat Ganzt huet seng moralesch a mental Spueren hannerlooss a mir probéieren, si bis d’international Matcher bei 100 Prozent ze kréien. Ech mengen och gespuert ze hunn, datt si deene Matcher entgéintféiweren, well et dat ass, wat e Futtballspiller am Léifste mécht.
Déi 3 kréien elo heiheem all Dag Training vum Nationaltrainer ugebueden, donieft kënne si och beim Progrès Nidderkuer mat trainéieren. De Luc Holtz probéiert och nach, virun de Frëndschschaftslännermatcher géint Nordirland a géint Bosnien en Testmatch géint eng Veräinsekipp ze organiséieren.
Déi zwee Frëndschaftslännermatcher sinn de 25. Mäerz géint Nordirland heiheem am Stade de Luxembourg an den 29. Mäerz zu Zenica a Bosnien.