
A Bulgarien stoung fir den Enes Mahmutovic an ZSKA Sofia de Match géint Slavia Sofia un. ZSKA sollt den Derby mat 2:0 fir sech entscheeden. Den Enes Mahmutovic gouf an der Hallschent bei ZSKA allerdéngs ausgewiesselt.
Royale Union SG huet an der Jupiler League an der Belsch mat 1:2 de Kierzere géint KRC Genk gezunn. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt tëschent de Pottoe vu Royale. Hie konnt d’Néierlag awer net verhënneren. An der Tabell steet Genk elo op der 2. Plaz, SG op der 6.
An der 1. däitscher Bundesliga huet Köln mat 0:1 géint Union Berlin verluer. De Mathias Olesen fält wéinst enger Blessur länger aus a stoung deemno net am Kader vu Köln. Iwwerdeems ass den Yvandro Borges Sanches bei Borussia Mönchengladbach an der 83. Minutt agewiesselt ginn. Och mam Lëtzebuerger Offensivspiller sollt Gladbach awer kee Gol méi geléngen, sou dass de Match géint Freiburg 0:0-Gläich ausgaangen ass.
An der 1. Liga an Éisträich huet Austria Wien mat 3:0 géint Hartberg gewonnen. De Marvin Martins stoung net am Kader vun der Austria.
Fir de Vincent Thill gouf et mam ALK Stockholm a Schweden eng 0:2-Néierlag géint Varbergs. De Vincent Thill ass an der 82. Minutt ausgewiesselt ginn.
Am hollännesche Championnat huet Sparta Rotterdam mam Mica Pinto kloer mat 0:3 bei Feyenoord Rotterdam de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger gouf an der 64. Minutt ausgewiesselt.
An der Bundesliga gouf et fir Mainz bei Hoffenheim näischt ze huelen. 1:4 heescht et um Enn aus Siicht vun der Ekipp mam Leandro Barreiro. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun vun de Mainzer an ass an der 64. Minutt ausgewiesselt ginn.
An der zweeter Bundesliga huet Hansa Rostock mam Sébastien Thill 1:3 zu Düsseldorf verluer. Den Thill stoung an der Startformatioun, ass allerdéngs no 38 Minutten ausgewiesselt ginn.
Fir Waldhof Mannheim mam Laurent Jans gouf et an der drëtter Liga an Däitschland eng 0:1-Defaite zu Ingolstadt. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp huet d’Partie duerchgespillt. Duerch dës Néierlag bleift Mannheim wéinstens bis e Sonndeg op der 7. Plaz.
An der zweeter portugisescher Liga weist Vilafranquense weider gutt Leeschtungen. D’Ekipp mam Eric Veiga konnt sech doheem 3:2 géint Benfica B behaapten a verdeedegt déi 2. Tabelleplaz. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain a krut an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent déi giel Kaart.
New York City FC muss sech an der MLS 0:1 bei Charlotte geschloe ginn. Charlotte war vun der 56. Minutt un an Ënnerzuel, ma New York ass den Ausgläich net méi gelongen. De Maxime Chanot war iwwerdeems net am Kader.
An der éischter Liga an der Belsch huet Seraing géint de Club Bruges 0:2 de Kierzere gezunn. Den Timothy Martin stoung op Säite vu Seraing net am Kader.