Coupe am DëschtennisEng Finall mat Lëtzebuerger Nowuesstalenter op béide Säiten

Franky Hippert
Zwee Mol war Hueschtert-Foulscht schonn no drun, fir am Dëschtennis d'Coupe de Luxembourg ze gewannen.

De Weekend hat de Champion sech da 4:2 géint Recken duerchgesat. Ma fir béid Ekippen hun an der Finall ganz talentéiert Lëtzebuerger Nowuessspiller matgespillt.

Bei Hueschtert-Foulscht war dat de Maël van Dessel, dee mat sengen 18 Joer nach eng grouss Zukunft viru sech kann hunn. D’Championstitelen huet den Dëschtennisspiller aus dem Promotiounskader vum COSL mat sengem Veräi jiddwerfalls scho gesammelt. Elo koum dann also och d’Coupe dobäi.

Mat virentscheedend fir d’Victoire war, dass de Maël van Dessel säi Match géint de 17 Joer jonkene Gene Wantz vu Recken gewanne konnt.

Genee wéi de Maël van Dessel, ass och den Gene Wantz e grousst Talent am Lëtzebuerger Dëschtennis. De Spiller vu Recken ass och am COSL-Promotiounskader. De President a Spiller vu Recken, Mike Kraus begréisst virun allem, datt déi Jonk aus sengem Club gesinn, datt een d’Chance kritt, an der éischter Ekipp ze spillen.

Hueschtert-Foulscht mam Maël van Dessel kann des Saison den Doublé realiséieren. Recken mam Gene Wantz huet awer sécherlech eppes dogéint a wëll sech selwer d’Meeschterkroun opdoen. Egal wéi wäerten d’Matcher vun deene zwee Nowuesstalenter och an Zukunft weider hin schonn eng extrem héich Qualitéit hunn.

Back to Top
CIM LOGO