Englesch Medie mellenEng Futtballweltmeeschterschaft all 3 Joer?

RTL Lëtzebuerg
D'Futtballweltmeeschterschaft kéint an Zukunft all 3 Joer sinn. Dat melle verschidden englesch Medien.
© ODD ANDERSEN / AFP

Domadder géing déi international Futtballfederatioun Fifa hire Wee vun der Expansioun weiderféieren. Op der nächster Weltmeeschterschaft a 4 Joer sinn nämlech schonn 48 Ekippe vertrueden. Bis ewell sinn et der jo 32.

D’Fifa hat an der Vergaangenheet scho proposéiert, d’WM all 2 Joer ze organiséieren. D’UEFA an déi südamerikanesch Verbänn hate sech awer géint dëse Plang ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO