Vill vun hinne bréngen olympesch Medaile mat heem, wat se awer alleguerten dobäi hunn, si Souvenire vun eppes Riseges.
“D’Special Olympics” - D’Olympiad fir d’Inclusioun
7.000 Sportler aus der ganzer Welt, déi ëm Medailen a 26 Sportaarte gekämpft hunn. Bei de Special Olympics geet et allerdéngs net nëmme sou wéi bei den Olympesche Spiller oder de Paralympesche Spiller ëm déi sportlech Resultater, mee ëm aner Wäerter. D’Special Olympics sinn d’Spiller fir Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung oder méifach Behënnerung.
Mënschen, déi eng Aschränkung hunn a verschiddene Funktiounen, am adaptive Verhalen, déi just eng Entwécklungsstéierung hunn, an der Sprooch, an der psychescher Entwécklung oder am Verhale generell.
D’Inclusioun virun de Resultater
D’Zil vun dëse Spiller ass d’Inclusioun. De Fokus läit op Valeure wéi Respekt, Toleranz a Fairness.