
Mat Spuenien an England sti sech zwou europäesch Ekippe géinteniwwer. Fir Spuenien ass et déi éischt WM-Finall, d’Englännerinne kéinten dogéint hiren zweeten Titel bannent kuerzer Zäit feieren. Dat nom Europameeschtertitel am eegene Land d’lescht Joer.
Déi Lëtzebuerger Dammennationalekipp huet an der WM-Qualifikatioun zweemol géint England gespillt an huet sech och zweemol däitlech misse geschloe ginn. D’Kapitänin Laura Miller weess, wéi staark d’Englännerinne sënn.
“Fir mech spillt England manner gudde Futtball wéi op der Europameeschterschaft. Dat läit eventuell drun, datt verschidde Stammspillerinne wéi d’Leah Williamson oder och d’Beth Mead blesséiert feelen. Mee och wéi mir géint England gespillt hunn, konnt een déi Qualitéit op héchstem Niveau einfach gesinn.”
Fir Spuenien ass et eng Première an der WM-Finall. D’Ekipp ronderëm d’Weltfuttballerin Alexia Putellas hat am Virfeld vun der Weltmeeschterschaft mat Problemer am Vestiaire a mam Trainer ze kämpfen. Ëm sou méi bemierkenswäert ass et, datt ee sech just mat enger Néierlag an der Gruppephas géint Japan fir d’WM-Finall konnt qualifizéieren.
“Si hunn hir Roserei gutt ëmgewandelt. Wann ee bedenkt, wéi vill Spillerinne wéinst dem Problem mam Trainer net matgaange sinn a wéi vill Qualitéit dann awer nach um Terrain steet, da gesäit ee wéi vill Potenzial Spuenien huet.”
Och wann d’Laura Miller d’Englännerinnen an der Favoritteroll gesäit, dréckt d’Spillerin vum Standard vu Léck de Spuenierinnen d’Daumen.
“Mäin Häerz schléit fir Spuenien. Ech mengen et gëtt ee ganz interessanten a spannende Match. Schlussendlech wäert dee Bessere gewannen.”
D’Finall gëtt e Sonndeg ëm 12 Auer eiser Zäit zu Sydney ugepaff.