U21-EuropameeschterschaftEngland klappt Spuenien an der Finall mat 1:0

RTL Lëtzebuerg
Domadder gewannen d'Young Lions fir déi drëtte Kéier den EM-Titel. Fir d'lescht hat d'U-21-Nationalekipp vun den Englänner dësen am Joer 1984 gewonnen.
© AFP

An engem spannende Match, dee vu béide Formatiounen haart gefouert gouf, kënne sech déi jonk Englänner um Enn mat 1:0 géint déi jonk Spuenier duerchsetzen. Den entscheedende Gol sollt dobäi de Curtis Jones, deen am Championnat d’Faarwe vum FC Liverpool vertrëtt, schéissen. Dësen hat de Ball no engem Fräistouss vum Palmer decisiv ofgefälscht, soudatt de Golkipp vun de Spuenier dem Ball just nach nokucke konnt, wéi dësen am Gol ageschloen ass.

Zum Match-Winner ass allerdéngs en aneren Englänner avancéiert an zwar den englesche Golkipp Trafford, deen an der 99. Minutt fir d’éischt en Eelefmeter vum Ruiz paréieren an doropshin direkt den Noschoss vum Aimar deviéiere konnt. England gewënnt domadder denkbar knapps d’Finall. Den englesche Golkipp krut iwwerdeems a sechs Matcher kee Gol geschoss a konnt domadder säi Gol an all de Matcher vum Turnéier propper halen.

Back to Top
CIM LOGO