9. Dag vun de European GamesEnttäuschend Resultat am Trappschéissen, Kim Schmidt am Badminton geschloen

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschden ware bei de European Games zu Krakau d’Lëtzebuerger Sportler am Trappschéissen an am Badminton am Asaz.
© RTL-Archiv

Fir de Lyndon Sosa an d’Lena Bidoli ass et am Trappschéissen net sou gelaf, wéi si et sech erhofft haten. An der Qualifikatioun si se net iwwert d’Plazen 28 fir de Sosa bei den Hären an 30 fir d’Bidoli bei den Dammen erauskomm. Domat lande si op enger enttäuschender drëttleschter respektiv leschter Plaz an hirer Qualifikatioun.

Am Badminton duerft d’Kim Schmidt no hirer staarker Leeschtung am Grupp B och fir 1/16-Finallen un de Start goen. Mam Carolina Marin aus Spuenien krut déi jonk Spillerin vum BC Jonglënster et awer mat enger vun deene beschten déi et gëtt ze dinn. D’Spuenierin huet e beandrockende Palmarès mat ënner anerem enger Goldmedail bei den Olympesche Spiller 2016 zu Rio, souwéi dräi Weltmeeschter- a sechs Europameeschtertitelen.

D’Sensatioun ass och ausbliwwen, woumat d’Kim Schmidt sech an zwee Sätz mat 9:21 an 12:21 géint d’Carolina Marin misst geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO