Italienesche FuttballEriksen eenegt sech mat Inter op Kontrakt-Opléisung

RTL Lëtzebuerg
Een halleft Joer no sengem Zesummebroch bei der Futtball-Europameeschterschaft huet sech den däneschen Nationalspiller mat sengem Veräin gëeenegt.
© AFP

Dem Christian Eriksen war no sengem Häerzstëllstand bei der Europameeschterschaft am Summer een Defibrillator agesat ginn, domadder däerf hien an der Serie A awer net spillen. Den 29 Joer ale Futtballer huet sech dofir elo mat sengem Veräin Inter Mailand drop gëeenegt, datt säi Vertrag opgeléist gëtt. Den Eriksen wëllt seng Karriär an engem anere Land weiderféieren.

De Kontrakt ass eigentlech bis 2024 gelaf. Tuttosport no soll sech den Eriksen am Januar am Giuseppe-Meazza-Stadion vun de Fans verabschiden. Den Dän stoung zanter Januar 2020 beim Veräin ënner Kontrakt, dee fir hie 27 Milliounen Euro bezuelt hat. Den Eriksen huet fir Inter 60 Mol gespillt an huet aacht Goler markéiert.

Den Eriksen war den 12. Juni am éischten EM-Gruppematch vun Dänemark zu Kopenhagen géint Finnland zesummegebrach an hat misse reaniméiert ginn. Ouni den Eriksen hat Dänemark et bis an d’EM-Halleffinall gepackt.

Back to Top
CIM LOGO