BasketchampionnatEsch klappt d'Etzella a steet an der Finall
Am drëtten an decisive Match huet sech Esch e Freideg den Owend géint d'Etzella mat 88:78 behaapt.
De Resumé vun der Halleffinall tëscht Esch an Ettelbréck
An der 3. Halleffinall konnt sech Esch mat 88:78 géint d’Etzella duerchsetzen an domat fir d’Finall qualifizéieren.
Am nationale Basketchampionnat ass e Freideg den Owend d’Decisioun gefall wéi eng Ekipp nieft Diddeleng an der Finall ëm den Titel wäert kämpfen. An dat ass de Basket Esch. Am drëtten an decisive Match vun den Halleffinallen hu sech Rugg a Co bei der Etzella mat 88:78 behaapt. An der Paus louchen déi Escher mat 44:29 a Féierung.
Basket Etzella-Esch / Rep. Guy Seyler
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Déi éischt Finall vum Basketchampionnat tëscht Diddeleng an Esch gëtt de 15. Juni gespillt.