
A senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen schreift den neie Sportminister, datt mam Akraafttriede vun de Modifikatioune vum Sportsgesetz am Joer 2023 d’legal Basis fir déi Remuneratiounen zwar gewiesselt hätt, dat awer net géif bedeiten, datt et do virdru keng legal Basis gouf.
De Georges Mischo präziséiert och nach, datt déi extern Mataarbechter vun de Formatiounszentere vun de Federatiounen iwwert den Artikel 13 vum Gesetz vun 1988 iwwert déi administrativ Struktur vum Sport hei zu Lëtzebuerg zanter 2001 bezuelt konnte ginn. Dat Ganzt war jo aktuell ginn, nodeems ënnert dem Sportminister Georges Engel en héije Beamten am Sportministere, de Manktem vun enger legaler Basis fir dës Iwwerweisunge gemengt hat festgestallt ze hunn.
De Georges Mischo seet och nach, datt seng Mataarbechter a Mataarbechter aus anere Ministèren zesumme mat der Direction du contrôle financier sech mam Dossier befaasst hätten an op Basis vun all deenen Elementer géif de Sportminister schléissen, datt et zu all Moment eng legal Basis gouf, fir besote Mataarbechter am Sportlycée ze bezuelen.
Wat Bedenke vum Staatsrot beim neie Gesetz an dësem Dossier ugeet, ënnersträicht de Georges Mischo, datt de Staatsrot a sengem Avis wuel Remarke gemaach huet, dës Remarken awer net zu enger Opposition formelle gefouert hunn. An deem Sënn wäert d’Reform vum Gesetz vun 2005 och net iwwert de Knéi gebrach ginn, esou de Sportminister.