Lëtzebuerg - PortugalEt soll ee sech e Sonndeg mat Zäiten op de Wee an de Stadion maachen

RTL Lëtzebuerg
D'Diere vum Stade de Luxembourg ginn um 18.45 Auer op. Et soll ee fréi genuch beim Stadion sinn, fir dass de Match pénktlech um 20.45 Auer kann ugoen.

D’FLF huet an deem Zesummenhang och nach emol e Schreiwes verfaasst, an deem déi verschidde Méiglechkeete vum ëffentlechen Transport a Richtung Stadion opgelëscht sinn, respektiv wéi eng Parkingen disponibel sinn.

Et sinn dat:

  • P + R Luxembourg – Sud
  • P + R Luxembourg – Kockelscheier

Et ginn dann och zousätzlech Busser tëscht der Stater Gare an dem Stadion agesat, grad ewéi Navette vun de P&R-Parkingen.

Bus-Verbindungen an der Iwwersiicht

  • Aller : 18h30 – 20h45

depuis la Gare centrale

    • Ligne 18 toutes les 15min

Arrêt Gare Centrale Quai 2

  • Ligne 39 (ligne directe spéciale) toutes les 5min

Arrêt Gare Centrale Quai 2

  • depuis le P+R Kockelscheuer
    • Ligne K toutes les 5min

Arrêt P+R Kockelscheuer, Patinoire Quai 2

  • depuis le P+R Lux-Sud
    • Ligne S toutes les 5min

Arrêt Howald, P+R Lux-Sud Quai 1

  • Retour : 22h30 – 23h30
  • vers la Gare centrale
    • Ligne 18 toutes les 15min

Arrêt Stade de Luxembourg Quai 3

  • Ligne 39 (ligne directe spéciale) toutes les 3-5min

Arrêt Stade de Luxembourg Quai 1B

  • vers le P+R Kockelscheuer
    • Ligne K toutes les 3-5min

Arrêt Stade de Luxembourg Quai 2

  • vers le P+R Lux-Sud
    • Ligne S toutes les 3-5min

Arrêt Stade de Luxembourg Quai 1A

Fir déi, déi keen Ticket méi kritt hunn, fir sech de Match live an de Stadion ukucken ze goen, ass de Rendez-vous e Sonndeg den Owend op RTL, wou de Match um Zweeten RTL an am Livestream op RTL.lu iwwerdroe gëtt.

Back to Top
CIM LOGO