Nowéie vu Covid-19Europäesch Futtballveräiner maachen zesummen een Defizit vun 2 Milliarden Euro

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Pandemie waren d'lescht Joer keng Spectateuren an de Stadien. D'Recetten duerch Ticketsverkeef an der Saison 2020/21 sinn doduerch ewechgefall.
© RTL (Archiv)

Dëst huet d’KPMG en Dënschdeg an engem Rapport matgedeelt.

De Minus vu 500 Millioune Euro, deen an der Saison 2019/20 ze verbuche war, weist, ewéi staark sech de Coronavirus op d’Finanze vun de Clibb an der leschter Saison ausgewierkt huet. Eleng d’Bundesliga mat der duerchschnëttlech héchster Zuel u Spectateuren huet ee Verloscht vu ronn 157 Milliounen Euro missen hinhuelen, d’Ligue 1 dogéint “nëmmen” 48 Milliounen Euro.

Am stäerkste vun der Pandemie betraff ass de FC Barcelona, deen eleng 39 Milliounen Euro ouni Ticketsverkeef verluer huet.

Back to Top
CIM LOGO