
Um Samschdeg hat Nidderkuer beim Racing just 3:3 gläich gespillt.
Um Sonnden huet den F91 Diddeleng et besser gemaach an duerch eng kloer 4:0-Victoire bei der Etzella de Virsprong an der Tabell op 3 Punkten ausgebaut. Den Diouf hat d’Gäscht no engem Corner a Féierung gekäppt. Diddeleng huet weiderhi probéiert, no vir ze spillen, huet sech awer ass dem Spill eraus net wierklech grouss Golchancen erausgespillt. Ettelbréck huet iwwerdeems an der 34. Minutt eng grouss Chance net genotzt. Och no der Paus war den F91 déi dominant Ekipp a konnt zwee weider Goler duerch de Bettaieb an den Hadji markéieren. An der Nospillzäit huet de Van den Kerkhof per Eelefmeter fir d’Endresultat gesuergt.
Eng ausgeglache Partie gouf et zu Stroossen. Um Enn konnt sech Swift Hesper awer mat 2:0 behaapten. Vun Ufank u war et eng animéiert Partie. D’Gäscht sinn no ronn 20 Minutten duerch de Mokulu Tembe a Féierung gaangen. D’Heemekipp huet virun der Paus duerch de Rouffignac just de Potto getraff. An der 65. Minutt ass awer d’Virentscheedung gefall. Dem Stolz säin harmlose Schoss ass dem Özcan onglécklech duerch d’Hänn gerutscht, soudass et 2:0 fir d’Gäscht stoung. Bis zum Schluss sollt op kenger Säit e weidere Gol falen.
Déifferdeng hat beim 3:1 keng Problemer géint Wolz. An der éischter Hallschent huet d’Heemekipp seng Chancë konsequent ausgenotzt. De Cabral hat zweemol getraff. No der Paus huet Déifferdeng de Virsprong duerch de Buch ausgebaut. D’Gäscht hunn zwar nach den 1:3 duerch de Cornet geschoss. Un der Néierlag sollt dat awer näischt méi änneren, besonnesch well de Burkic an der 65. Minutt mat enger rouder Kaart vum Terrain geflunn ass. An Ënnerzuel ass Wolz kee Gol méi gelongen.
Munneref ass iwwerdeems doheem mat 1:5 géint d’Jeunesse ënnergaangen. D’Ekipp vum Jeff Strasser louch an der Paus schonn 3:0 duerch Goler vu Seydi, Ouwo Moussa an Alagbe vir. De Seydi an de Laurent hunn déi zwee weider Escher Goler an der zweeter Hallschent markéiert. De Ramdedovic hat beim tëschenzäitlechen 1:4 den Éiregol fir Munneref geschoss.
En 1:1-Gläichspill gouf et nach tëschent Victoria Rouspert an RM Hamm Benfica.