
D’Verbandsgeriicht vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet jo decidéiert, datt de Jeff Strasser, Trainer vun Nidderkuer, seng Spär vu 5 giele Kaarten aus der ieweschter Divisioun bei engem Coupe-Match vun de Junioren, respektiv bei enger Partie vum Futsal konnt ofsetzen an deemno am Championnatsmatch bei de Seniore géint den F91 op der Bänk huet dierfe sëtzen. Diddeleng geet awer elo an Appell géint d’Urteel vun der éischter Geriichtsinstanz bei der FLF, esou de President vum F91 Gerry Schintgen.
D’Verbandsgeriicht vun der FLF hat jo e Freideg just a 4 Wierder “à classer, Art. 64" hiert Urteel matgedeelt.