
Vum Montant, deen de Guy Hellers kritt, geet dann och nach een Deel un d’Aarbechtsamt. De Futtballclub vun Diddeleng ka géint dat Urteel nach an Appell goen.
Virun 10 Deeg hate mir iech scho gesot, datt de Guy Hellers a leschter Instanz d’Geriichtsaffär géint de Veräin vum fréiere Mäzen Flavio Becca, no 5 Joer, gewonnen hat. Elo gouf dann eben och nach vum Geriicht decidéiert, wéi vill Suen de Club sengem Ex-Trainer muss ginn.
Am Juni 2016 hat de fréiere Futtballnationaltrainer, an ëm déi Zäit Sportdirekter beim F91, de Stull an der Forge du Sud virun d’Dier gesat kritt.