
De Lëtzebuerger Futtball-Champion konnt bis elo nach all seng Matcher gewannen a steet zanter e Sonndeg eleng un der Tabellespëtzt. Mat esou engem Optakt hat een net onbedéngt an der Forge du Sud gerechent.
Déi lescht Woche ware richteg intensiv fir déi Diddelenger, mam laange Parcours an der Coupe d’Europe a mam Optakt vun der nationaler Saison. Hesper huet e Sonndeg um 5. Spilldag déi éischt Punkte beim Remis géint Péiteng hänke gelooss, den F91 huet bis elo awer e Parcours ouni Feeler mat 5 Victoiren a 5 Matcher.
“Mir hunn eis et natierlech erhofft, mä erwaarde konnt een et natierlech net, well mer am Ufank och géint Nidderkuer an de Racing gespillt hunn, ouni déi aner ze negligéieren. Do musse mer e grousse Luef eisem Staff technique an eisem Preparateur physique ausschwätzen, datt si d’Charge de travail esou konnte geréieren, wéi se dat gemaach hunn, fir datt mer elo mat engem 5 vu 5 do stinn.”, esou de Manou Goergen, de Coordinateur Sportif beim Champion.
Och ouni Mäzen Flavio Becca spillt een an de leschten zwee Joer uewen an der Tabell mat. Zu Diddeleng wëll een awer net méi ze vill iwwert d’Vergaangenheet schwätzen.
“Mir mussen och iergendwann ophalen iwwert d’Ära vum Mäzen ze schwätzen. Mir si mëttlerweil e Veräin wéi ganz vill anerer, wou e Conseil d’administration dat Ganzt geréiert a superviséiert. De Veräin steet iwwer allem. All Decisioun, déi geholl gëtt, gëtt am Interêt vum Veräin geholl an ech mengen, dass dat déi eenzeg Gestioun vun engem Veräin ass, déi och laangfristeg déi richteg wäert sinn.”
Och wann een no deenen éischte 5 Matcher nach ëmmer de Maximum vun de Punkten huet, ass déi éischt Prioritéit bei deenen Diddelenger, europäesch ze ginn. Wann dann och nees de Championstitel dobäi géif erauskommen, géif een deen natierlech mathuelen, esou de Coordinateur sportif vum F91.
An um 6. Spilldag muss den Tabelleleader da bei d’Titus Péiteng reesen.