
Mëtt Abrëll gëtt d’Flam zu Athen ugefaangen a kënnt da mam Schëff bis op Marseille. Vun do aus mécht se dann de Parcours duerch ganz Frankräich, éier se kuerz virum Startschoss vun de Spiller zu Paräis ukënnt.
Dobäi kënnt d’Flam net just an d’Géigend vum Grand-Duché, mä si wäert fir e ganz kuerze Parcours de franséischen Terrain bei Apach verloossen an duerch Pärel am Saarland a Schengen zu Lëtzebuerg gedroe ginn. Wéi däitsch Medie mellen, hätt de President vum Conseil vum Departement de la Moselle Patrick Weiten et méiglech gemaach, datt d’Flam duerch all d’Staate vum Dräilännereck gedroe gëtt. Schonn am Juni 2023 hat een decidéiert, datt d’Flam sollt bis op d’Bréck op Schengen kommen. Mat deem Zeeche wëll een “Europa feieren”. Zu deem Ament war awer nach net ganz kloer, wéi dëst sollt oflafen a wéi eng Upassunge musse gemaach ginn.
Ma en Mëttwoch du koum d’Confirmatioun vun der saarlännescher Ministerpresidentin Anke Rehlinger, datt d’Organisateuren decidéiert hunn, de Parcours liicht unzepassen, esou datt d’Flamen eben iwwer däitschen a Lëtzebuerger Terrain gedroe gëtt. Och den Datum huet liicht geännert: War Mëtt 2023 nach riets vum 27. Juni, ass aktuell geplangt, datt dëst een Dag méi spéit sollt geschéien. D’Spiller fänken de 26. Juli zu Paräis un.
Méi Detailer zum Parcours vun der olympescher Flam an eiser franséischer Nopeschregioun fannt der bei de Kolleege vun RTL Infos.