
Atlanta Falcons - San Francisco 49ers 29:22
Zu San Francisco koum et zu engem richtege Krimi. An enger geckeger Schlussphas an no zwee Reviews vun zwee Touchdowns vun de Falcons konnt de Super-Bowl-Finalist vun 2017 mat 29:22 bei de 49ers gewannen, dat nodeems de Julio Jones 2 Sekonne virum Enn vum Match eng Touchdown-Pass gefaangen hat.
Buffalo Bills - Pittsburgh Steelers 17:10
D'Buffalo Bills konnte sech e Sonndeg mat 17:10 géint d'Pittsburgh Steelers duerchsetzen a konnte sech doduerch fir d'Playoffs qualifizéieren. E groussen Undeel un der Victoire hat dobäi d'Defense vun de Bills, déi konnten nämlech ganzer 4 Mol eng Pass vum géigneresche Quarterback interceptéieren. An der Offense sinn 139 Passing-Yards an eng Touchdown-Pass vum Quarterback Josh Allen duergaangen, fir de Match ze gewannen.
Los Angeles Rams - Dallas Cowboys 21:44
D'Dallas Cowboys bleiwe weider an der Course ëm d'Playoffs, si konnte sech e Sonndeg nämlech kloer mat 44:21 géint d'Los Angeles Rams duerchsetzen. D'Offensiv vun der Ekipp aus Texas war richteg staark. De Quarterback Dak Prescott koum op 212 Yards an zwee Touchdowns an och hir zwee Running Backs ware richteg gutt a Form. Den Elliott an de Pollard si fir 117, respektiv 131 Yards an 2, respektiv 1 Touchdown gelaf.
Chicago Bears - Green Bay Packers 13:21
Et war ee Match, dee virun allem an der éischter Hallschent vu béiden Defensë bestëmmt gouf. De Quarterback vun de Bears, de Mitchell Trubisky, hat op en Neits kee gudden Dag erwëscht an huet zwou Interceptions geheit. Duerch dës Victoire vun de Packers steet d'Ekipp aus Green Bay an de Playoffs, fir d'Bears sinn dës elo definitiv onerreechbar.
New York Jets - Baltimore Ravens 21:42
New England Patriots - Cincinnati Bengals 34:13
Tampa Bay Buccaneers - Detroit Lions 38:17
Houston Texans - Tennessee Titans 24:21
Denver Broncos - Kansas City Chiefs 3:23
Miami Dolphins - New York Giants 20:36
Philadelphia Eagles - Washington Redskins 37:27
Seattle Seahawks - Carolina Panthers 30:24
Chicago Bears - Green Bay Packers 13:21
Minnesota Vikings - Los Angeles Chargers 39:10
Jacksonville Jaguars - Oakland Raiders 20:16
Cleveland Browns - Arizona Cardinals 24:38
Los Angeles Rams - Dallas Cowboys 21:44
Atlanta Falcons - San Francisco 49ers 29:22
Buffalo Bills - Pittsburgh Steelers 17:10