ArgentinienFans traueren ëm den Diego Maradona a feieren och säi Liewen

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend hätt den argentinesche Futtballstar 61 Joer kritt. Vill Fans hu sech a sengem Undenke getraff.

Mat de Riff “Marado... Marado...” hunn d’Fans hiren Idol, de Mëttelfeldspiller mat der Nummer 10, gefeiert. Fir vill vun hinnen ass de Maradona quasi wéi e Gott. Do ass et dann och net verwonnerlech, datt de Fan-Club “Kierch vum Maradona” dëst matorganiséiert huet. De Fanclub gouf an den 1990er gegrënnt an ass aktuell ee vun deene gréisste Maradona-Fanclibb weltwäit. Eegenen Aussoen no huet een e puer dausend “Gleeweger” an iwwer 50 Länner.

D’Fans hu sech um Samschdeg Geschichten an Anekdoten iwwert d’Liewe vum Futtballgott erzielt, dobäi gouf och vill gekrasch a sech an den Aarm geholl. Et ass déi éischte Kéier, datt dëst scho bal traditionnellt Treffen nom Dout vum Diego Maradona organiséiert gouf. Hie war jo de 25. November 2020 am Alter vu 60 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO