
No der Néierlag am Optaktmatch géint Neiséiland gouf et och am zweete Match fir d’Norwegerinne keng Victoire. En 0:0 konnten d’Schwäizerinnen hinnen ofréngen, dat an enger zimmlech ausgeglachener Partie, och wann d’Norwegerinne sech méi Golchancen erausgespillt hunn.
Neiséiland huet no der iwwerraschender Optaktvictoire elo déi zweet Partie géint d’Philippinnen verluer an dobäi hat d’Heemekipp méi Ballbesëtz an däitlech méi Golchancen. D’Gäscht dogéint konnten an der 24. Minutt duerch d’Bolden a Féierung goen an deen Ecart iwwert déi 90 Minutten halen.
An der Tabell vun der Grupp A läit d’Schwäiz elo mat 4 Punkten un der Spëtzt, Neiséiland an d’Philippinnen hunn dräi Punkten an d’Norwegerinnen een.
Déi lescht Partie vum éischte Spilldag gouf dann tëscht Kolumbien a Südkorea gespillt. D’Südamerikanerinnen hunn de Match dominéiert a konnten en duerch Goler vu Usme a Caicedo och gewannen.
Kolumbien - Südkorea 2:0
1:0 Usme (30'.p), 2:0 Caicedo (39')
Neiséiland - Philippinnen 0:1
0:1 Bolden (24')
Schwäiz - Norwegen 0:0