
An de Véierelsfinallen vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball konnte sech d’Favoritte Fenteng, Luerenzweiler an Esch bei den Häre souwéi Stengefort bei den Damme behaapten.
Den Escher VBC huet sech misse géint d’Häre vun der Gym moossen. D’Gäscht, déi an der zweeter Divisioun spillen, haten hei an all Saz fënnef Punkten Avance. Dëst huet hinnen am éischte Saz zum Erfolleg verhollef. Och Ufanks vum zweete Saz war d’Gym Volley mat 10:4 am Avantage, wéi den Escher Spillertrainer Juan Carlos Blanco d’Verantwortung um Terrain iwwerholl huet. Vun deem Ament un ass et bei den Escher besser gerullt a si konnten de Match mat 3:1 gewannen.
An der zweeter Halleffinall stounge sech zwou Ekippen aus der Mixvoip League géintiwwer. De VC Fenteng hat de besseren Optakt géint de Volleyball Iechternach erwëscht a konnt sech fréi ofsetzen. Iechternach huet gewiesselt, mä konnt den Ecart net méi guttmaachen: Resultat 17:25. Am zweete Saz hunn d’Gäscht d’Opstellung gewiesselt. Dat huet besser funktionéiert a si konnte mat Risiko um Service de Fentenger Spillopbau stéieren. Fenteng konnt sech nach knapps mat 25:23 en 2:0 Avantage an de Sätz sécheren. Am drëtte Saz ass déi Iechternacher Taktik voll opgaangen. Service, Block an Defense hu gutt funktionéiert a Fenteng huet de Saz misse mat 19:25 ofginn. Am véierte Saz war d’Situatioun genee ëmgedréint. Déi Fentenger hu kaum nach Feeler gemaach an hirersäits Iechternach ëmmer nees zu Feeler gezwongen. Bei 9 Punkten Ecart war d’Decisioun fréizäiteg gefall an de Supercup Gewënner a Coupefinalist vun 2025 zitt mat engem 3:1 an d’Halleffinallen a.
Am drëtte Match vum Owend hat de Favorit Vc Luerenzweiler aus der Mixvoip League keng gréisser Problemer bei der 3:0 Victoire géint de VC Belair aus der éischter Divisioun.
Bei den Dammen huet de VC Stengefort ufanks nach hir Topscorerin Silvana Dascalu geschount. No der Néierlag am éischte Saz (25:27) an dem enke Sazgewënn am zweeten (25:23) huet d’Heemekipp awer reagéiert a mat hire sechs Stammspiller dem VC Fenteng d’Grenzen opgewisen. Deementspriechend kloer war d’ Resultat an de Sätz 3 a 4 (25:7 a 25:15).
Wie Géigner vun den aktuell véier qualifizéierten Ekippe gëtt, decidéiert sech de Weekend.
Hären:
CHEV Diekirch - Volley Bartreng 20.12.2025 20h30
Dammen:
Gym Volley - Escher VBC 20.12.2025 18h00
RSR Walfer - VC Mamer 20.12.2025 18h30
VC Standard Wiltz - VC Belair 21.12.2025 18h00