Challenge CupVC Stroossen verléiert enke Retourmatch géint Teneriffa

Jacques Joseph
Et huet bei Stroossen um Enn net vill gefeelt, fir en Exploit ze realiséieren.
VC Stroossen verléiert am Challenge Cup géint Cisneros Alter La Laguna
D'Spuenier hate virun enger Woch och den Allersmatch gewonnen.

Ganz gutt haten déi Stroossener dës Partie ugefaangen. Am éischte Saz louche si séier 7-3 vir. Een éischten Temps-mort vun de Spuenier huet näischt geännert, een zweete bei 18-12 awer schonn, well ganz séier huet Cisneros Alter La Laguna dëse Rëckstand gutt gemaach a goung esouguer mat 20-21 a Féierung. Dës hunn d’Spuenier net méi ofginn an de Sak mam knappsten Score zougemaach.

De VC Stroossen wollt d‘Spectateuren net enttäuschen an huet alles dru gesat, fir deen zweete Saz ze gewannen. Et stoung nach 10 gläich, éiert d’Heemequipe ëmmer méi den Toun uginn, fir dës zweet Manche kloer no 25 Minutten op 20 ze gewannen.

Den drëtte Set war näischt fir schwaach Nerven. Bis 20 louchen d’Gäscht permanent tëschent engem an 3 Punkte vir. Bei 21 huet Stroossen ausgeglach an hat bei 24-25 ee Sazball géint sech. Dësen Temps-mort vum Stroossener Coach huet seng Friichte gedroen, well duerno gouf nach en zweeten ofgewiert an domat net genuch, zwee Punkten noenee fir déi Stroossener a si gounge mat 2-1 an de Sätz a Féierung.

D’Equipe vun Teneriffa wollt sech dat net bidde loossen an huet déi véiert Manche ganz däitlech fir sech entscheet, fir sech dann duerno d’Victoire am Tie-Break ze sécheren.

Back to Top
CIM LOGO