Volleyball-ChampionnatD'Häre vun Dikrech verléiere géint Stroossen, Mamer klappt Bartreng bei den Dammen

Ted Koob
Bei den Hären an den Damme stoungen um Samschdeg déi éischt Matcher vum 5. Spilldag um Programm.
Fir Dikrech war et déi éischt Defaite vun der Saison.
© Roland Miny / pressphoto (Archiv)

Hären

An der Spëtzepartie konnt Stroossen souverän mat 3:0 zu Dikrech gewannen. Domadder ass no 5 Spilldeeg keng Ekipp méi ongeschloen. Den éischte Saz war enk a goung mat 25:21 u Stroossen. Am 2. Set konnt d'Heemekipp beim 12:25 net mathalen. D'Spiller vum CHEV hunn am 3. Saz all hir Kraaft mobiliséiert, um Enn goung et beim 23:25 awer net duer, fir dee Saz fir sech ze entscheeden.

Luerenzweiler huet sech kloer mat 3:0 géint Bartreng behaapt. D'Sätz waren zu Luerenzweiler awer méi enk, wéi dat kloert Schlussresultat ausgesäit. D'Gäscht hunn den 1. an den 3. Saz op 21:25 verluer. Den zweete ware mam 25:22 fir Luerenzweiler nach méi knapp. Fir Bartreng war et déi 2. Néierlag vun der Saison.

________________________________________________

Dammen

Bei den Damme stoung um Samschdeg eng Partie vum 5. Spilldag um Programm. Mamer huet Bartreng keng Chance gelooss a sech mat 3:0 (25:13, 25:11, 25:12) behaapt. D'Heemekipp bleift dës Saison deemno ongeschloen.

Back to Top
CIM LOGO