
Um 4. Spilldag am nationale Volleyball-Championnat hunn d'Fentenger Häre sech an enger spannender Partie 3:2 géint de Champion Stroossen duerchgesat, iwwerdeems Dikrech duerch eng Victoire zu Luerenzweiler d'Tabelleféierung iwwerholl huet. Bei den Damme konnt Mamer zu Stengefort gewannen, Walfer huet Bartreng geklappt an d'Gym huet sech zu Fenteng duerchgesat.
No der 1:3-Néierlag op Teneriffa am Allersmatch vun der 1/32-Finall am CEV Challenge Cup goung et fir Stroossen e Samschdeg schonn zu Fenteng weider. Fenteng hat bis ewell nach keng Victoire, ma um leschte Spilldag hat ee just 2:3 beim Tabelleleader Luerenzweiler verluer. An och géint de Champion huet ee sech e Samschdeg an der eegener Hal ganz gutt presentéiert. Trotz zweefachem Réckstand an de Sätz konnt Fenteng e 5. Saz erzwéngen, dee si no 12:14 nach mat 16:14 gewanne konnten. Fenteng feiert no dësem Krimi mam Score vun 3:2 (16:25, 25:21, 16:25, 25:19, 16:14) also den éischte Succès vun der Saison, wärend Stroossen déi éischt 2 Punkte muss ofginn.
Am zweete Match vum Owend huet dee bis dohin nach ongeschloenen Tabelleleader Luerenzweiler 0:3 (20:25, 22:25, 12:25) géint Dikrech verluer. Et war laang eng ëmkämpft Partie, an där d'Visiteuren awer an all Saz d'Nues vir haten. De Chev ass domat bei den Hären déi eenzeg Ekipp, déi dës Saison nach keng Punkte leie gelooss huet. Mat dësen 3 Punkten iwwerhëlt een och d'Tabelleféierung nom 4. Spilldag, dat mat engem Match manner wéi Luerenzweiler.
E Sonndeg ass de Belair dann nach zu Iechternach op Besuch.
________________________________________________
Am Spëtzematch vum 4. Spilldag huet Stengefort sech missen 1:3 (15:25, 19:25, 25:21, 15:25) géint Mamer geschloe ginn. Trotz dem éischte verluerene Saz vun der Saison huet Mamer eng souverän Leeschtung gewisen a kann deemno weider ouni Punktverloscht bleiwen.
D'Gym Volley huet iwwerdeems weiderhi kee Saz missen ofginn a konnt och zu Fenteng mat 3:0 (25:12, 25:20, 25:10) d'Iwwerhand behalen. Domat bleift de Champion an der Tabell virun de Mamerinnen op Plaz 1.
An dann huet Walfer nach 3:0 (25:23, 25:9, 25:15) géint Bartreng gewonnen. Am éischte Saz hu béid Ekippe sech en Duell op Aenhéicht geliwwert, dat Walfer just knapp gewanne konnt. Duerno huet d'Lokalekipp d'Bartrengerinnen awer iwwerrannt, woumat Walfer den Uschloss un d'Gym a Mamer bäibehale kann.
Och bei den Dammen ass e Sonndeg nach d'Partie tëscht Iechternach a Belair.