Volleyball-ChampionnatLuerenzweiler wënnt géint Fenteng, Stroossen klappt Iechternach

Theo Mersch
Bei den Damme goufen et souverän Victoirë fir Mamer a Stengefort.
© Miny / pressphoto (Archiv)

Hären

Zu Luerenzweiler hunn d'Spectateuren en enke Match géint Fenteng ze gesi kritt, deen d'Haushären um Enn 3:2 (19:25, 25:15, 22:25, 25:17, 15:8) fir sech entscheede konnten. D'Visiteuren hu sech deier verkaf a louche souguer zweemol an de Sätz a Féierung, Luerenzweiler konnt awer zweemol egaliséieren a sech am decisive 5. Saz du relativ kloer duerchsetzen. Et ass trotzdeem deen éischte Punkt, dee Luerenzweiler dës Saison ofgëtt. Fir Fenteng ass et no zwou méi kloren Néierlagen den éischte Punkt.

Bartreng hat an der eegener Hal e gebrauchten Owend erwëscht an huet 0:3 (20:25, 21:25, 17:25) géint Dikrech verluer. Dikrech feiert domat déi 2. Victoire am 2. Match, fir Bartreng ass et no 2 Succèsen déi 1. Néierlag dës Saison.

Stroossen ass senger klorer Favoritteroll doheem géint Iechternach gerecht ginn a konnt sech däitlech 3:0 (25:13, 25:11, 25:16) duerchsetzen.

________________________________________________

Dammen

Fir den Optakt vum 3. Spilldag war Stengefort zu Bartreng op Besuch. No engem ganz dominante Start vun de Visiteusen ass Bartreng no an no méi erukomm, um Enn konnt Stengefort sech awer souverän mat 3:0 (25:11, 25:18, 25:23) behaapten an déi 2. Victoire vun der Saison feieren.

Am zweete Match vum Dag ass Mamer senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech däitlech mat 3:0 (25:10, 25:9, 25:20) géint Fenteng duerchgesat.

E Sonndeg sinn nach d'Partien tëscht Gym Volley an Iechternach an tëscht dem Belair a Walfer.

Back to Top
CIM LOGO