
Nach en Dënschdeg stoung d’Keira Walsh bei der 10:0-Victoire géint Lëtzebuerg um Terrain vun der englescher Futtballnationalekipp an huet hire 50. Match fir d’Lionesses gespillt. Den Dag dono geet si eng weider Kéier an d’Geschicht vum Sport an: Mat enger Zomm vu ronn 400.000 Euro gëtt déi 25 Joer jonk Englännerin de bis ewell deiersten Transfert an der Gesicht vum Dammefuttball.
Bis ewell hat d’Dänin Pernille Harder dëse Rekord. Si war am Joer 2020 fir 350.000 Euro vu Wolfsburg bei den FC Chelsea gewiesselt.