FuttballFC Déifferdeng 03 trennt sech vu sengem Trainer

Franky Hippert
No der Defaite géint d'Fola e Samschdeg hunn déi Responsabel vum FCD03 reagéiert an de Stéphane Léoni virun d'Dier gesat.
© RTL/Archiv

An der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball ass et nees den Dag vun den Trainerwiessel. Den FC Déiffedeng 03 an säin Trainer Stéphane Léoni hu sech am géigesäitegen Averständnis getrennt, wéi eis de President Fabrizo Bei confirméiert huet. Lo mécht emol den Helder Dias, dee scho Jugendtrainer beim FCD03 ass, an och scho bei der éischter Equipe am Trainerstaff war, den Interim. Wéi et dann an der Cité du Fer weidergeet, decidéiert sech an de nächsten Deeg. Déifferdeng hat sech e Samschdeg 2-3 bei der Fola misse geschloe ginn, an huet vun deene leschte fënnef Matcher der dräi verluer. Den FCD03 steet no 19 Spilldeeg op Plaz 8 an der Tabell mat engem Retard vu 17 Punkten op d‘europäesch Plaz op där de grousse Rival Nidderkuer steet.

Back to Top
CIM LOGO