Finall Coupe de LuxembourgFC Déifferdeng 03 wënnt d’Coupe am Futsal

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Futsal gouf e Méindeg zu Diddeleng d'Coupe-Finall tëscht dem FC Déifferdeng 03 an dem Progrès Nidderkuer gespillt.

An der Ufanksphas war et een intensiv gefouerten Derby. Déifferdeng hat spilleresch d’Iwwerhand, konnt sech och déi eng oder aner Golchance erausspillen, virum Gol huet et awer un der néideger Prezisioun gefeelt. Déi hat d’Ekipp vum Trainer Bruno Amaral awer en Tick méi spéit. Duerch Goler vum Julio Mareco (11‘) a Ruben Reis (13‘) konnte si sech eng komfortabel Féierung an der éischter Hallschent erausspillen. Nidderkuer hat an den éischten 20 Minutten net vill offensiv opzeweisen.

FC Déifferdeng 03 wënnt d’Coupe am Futsal
Am nationale Futsal gouf e Méindeg zu Diddeleng d’Coupe-Finall tëscht dem FC Déifferdeng 03 an dem Progrès Nidderkuer gespillt.

De Progrès ass mat méi Zoch zum Gol aus der Paus komm, konnt hir Golchancen awer net verwäerten. No deser gudder Nidderkuerer Phas konnt op e Neits de Ruben Reis (29‘) op der anerer Säit de Score op 3:0 schrauwen. An der Schlussphas konnt de Carlos Soares mat sengen dräi Goler (35‘,37‘,38‘) fir d‘6:0-Schlussresultat suergen.

Back to Top
CIM LOGO