Hei stounge sech mam FC Déifferdeng 03 an dem Stater Racing déi zwou dominant Ekippen aus de leschte Jore géintiwwer. E Méindeg den Owend war et d’Ekipp vun Déifferdeng, déi kloer de besseren Dag erwëscht hat. Um Enn konnte si de Match nämlech viru 757 Spectateure mat 7:0 fir sech entscheeden. Domat kënne si hiren Titel aus dem Joer 2019 also verdeedegen.
Beim Futsal-Champion vum leschte Joer huet de Matchplang vun Ufank u geklappt, esou den Déifferdenger Kapitän David Chalmandrier.
“De Plang war, de Match vun Ufank un ze dominéieren. Mir woussten, datt de Racing eng gutt Ekipp huet. Et ass eng Finall, e schwierege Match. Mir woussten awer och, datt wa mir kee Gol kasséieren an den éischten an zweete géife schéissen, da géif et ëmmer méi schwéier gi fir si. A genau dat ass geschitt. Mir hate Schwieregkeeten, deen éischten ze fannen. Mee wéi mer dunn den zweeten an drëtte geschoss hunn, sote mer ok.”
Déi lescht zwee Joer gouf wéinst der Corona-Pandemie keng Coupe gespillt. 2018 hat de Racing den Titel gewonnen. Ze vill individuell Feeler hunn um Enn fir eng batter Néierlag géint de stäerkste Konkurrent aus deene leschte Jore gesuergt, esou de Golkipp vum Stater Racing, de Michel Vaz.
“Mir wëssen, Déifferdeng ass eng staark Ekipp. Zanter e puer Joer déi stäerksten hei am Land. Si hunn et gewisen. Mir mussen einfach felicitéieren. Mir woussten, et géif e schwéiere Match ginn. Mir haten eng Taktik, déi am Ufank gutt fonctionéiert huet. Leider ass eise Kader wéinst Blessuren e bësse reduzéiert. Mir hunn eist Bescht ginn an hunn et probéiert. Um Enn ass et physesch net méi duergaangen. Ech kann dem Géigner just felicitéieren.”
Weider geet et elo mat den Halleffinallen am Championnat an do kéint et zu enger Neioplag vun der Coupe-Finall tëschent Déifferdeng an dem Racing kommen.