
De van Dijk huet ee Kontrakt bis 2025 ënnerschriwwen. Hien ass schonn dee véierte Spiller, deen de Veräin a leschter Zäit laangfristeg konnt u sech bannen.
Och de Rietsverdeedeger Trent Alexander-Arnold, de Mëttelfeldspiller Fabinho an de Golkipp Alisson hunn an de leschten zwou Wochen allen dräi hiren Aarbechtspabeier virzäiteg verlängert. Brittesche Medien no hu si all bis mindestens 2025 ënnerschriwwen.
Den 30 Joer ale Virgil van Dijk ass “erliichtert, glécklech an houfreg”. Hien hat grouss Deeler vun der leschter Saison an d’Europameeschterschaft nach wéinst enger Knéiverletzung verpasst: “Déi lescht Saison war fir ze vergiessen. Elo fillen ech mech nees gutt a fit. Ech si prett fir déi nei Erausfuerderung vun dësem Weekend un.”
Dem Jürgen Klopp seng Ekipp start e Samschdeg um 18.30 Auer géint den Opsteiger Norwich City an déi nei Saison. Um Transfertmaart huet Liverpool sech, am Géigesaz zu den Titel-Konkurrenten FC Chelsea, Manchester City a Manchester United, bis ewell zréckgehalen. Zwar ass den Ibrahima Konaté scho fir 40 Milliounen aus Leipzig komm, soss hu sech d’Reds awer virun allem dorop fokusséiert, hir Stammspiller ze halen.