
Den FC Metz huet e Freideg den Owend an der Ligue 2 seng Aufgab en vue vun engem méiglechen Opstig an déi héchst franséisch Liga erfëllt. Mat 3:2 huet ee sech géint den SC Bastia behaapt. Nach kann een den Opstig awer net feieren, well de Match vum direkte Géigner am Opstigsduell Bordeaux ofgebrach gouf.
Nodeems e Spiller vu Rodez seng Ekipp a Féierung geschoss hat, gouf hie beim Feiere vu senge Gol um Terrain vun engem Supporter vu Bordeaux attackéiert. Den Arbitter huet de Match doropshin ofgebrach.

Bordeaux riskéiert, de Match elo um gréngen Dësch ze verléieren. Wat d’Enn vun den Opstigshoffnungen an den direkten Opstig vu Metz bedeite géif. Eng Decisioun dierft e Méindeg falen, da kënnt d’Disziplinarkommissioun zesummen.
President vu Girondins Bordeaux ass de Lëtzebuerger Gerard Lopez.
De Sabaly (31') an de Maziz (51') haten den FC Metz mat 2:0 a Féierung bruecht. An der 61. Minutt hat den agewiesselte Lëtzebuerger Nationalspiller Florian Bohnert Bastia op 1:2 nees erubruecht. An der 75. Minutt konnt de Maziz mat engem weidere Gol de Score op 3:1 erhéijen. Bastia konnt duerch de Schur (86') nach emol verkierzen, ma um Enn ass et beim 3:2 fir Metz bliwwen.