DFB-PokalFC Nürnberg a Borussia Dortmund an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
An enger spannender Aachtelsfinall konnt sech den FC Nürnberg géint Fortuna Düsseldorf duerchsetzen a Borussia Dortmund huet den VfL Bochum geklappt.
© FIRO/SID/

Den éischte Gol am Match Fortuna Düsseldorf géint den FC Nürnberg huet den Dawid Kownacki vu Fortuna mat engem Käpper an der 33. Minutt no enger Flank vum Emmanuel Iyoha geschoss. Kuerz viru Schluss konnt den Taylan Duman vum FC Nürnberg mam 1:1 ausgläichen, wouduerch et an d’Verlängerung goung. Mat enger 5:3 Victoire am Eelefmeterschéissen zitt den FC Nürnberg an d’Véierelsfinall vum DFB-Pokal.

Am zweete Match vum Owend konnt sech Dortmund géint Bochum duerchsetzen an zitt domat an d’Véierelsfinall. An der éischter Minutt vun der Nospillzäit vun der éischter Hallschent vum Match huet den Emre Can deen éischte Gol fir Dortmund geschoss. An der zweeter Hallschent konnt de Kevin Stögner dat awer mam 1:1 ausgläichen. An der 70. Minutt huet de Marco Reus dunn den 2:1 fir Borussia Dortmund entscheed.

Back to Top
CIM LOGO