Conference-League-QualifikatiounFCD03 mat Gläichspill géint Maribor, Diddeleng verléiert géint Gzira

Andy Brücker
En Donneschdeg den Owend hunn Déifferdeng an Diddeleng am zweeten Tour vun der UEFA-Conference-League-Qualifikatioun gespillt.

FC Déifferdeng 03 - NK Maribor 1:1

Als Coupe-Gewënner duerft Déifferdeng een Tour méi spéit an d’Conference League starten. Si kruten et en Donneschdeg den Owend doheem géint Maribor aus Slowenien ze dinn.

Mam slowenesche Rekordchampion NK Maribor huet den FC Déifferdeng 03 ee richteg staarke Géigner erwëscht. Och wann een duerch de Coupe-Gewënn eréischt am zweeten Tour vun der Conference League huet misse starten, huet een net wierklech ee Virdeel. Maribor ass duerch déi éischte Ronn an hirer 4:0-Victoire am Optaktmatch an hirem Championnat schonn an Competitiouns-Rhythmus.

© Serge Olmo

De bessere Start an de Match hat awer den FC Déifferdeng 03. An der 25. Minutt sinn d’Minetter duerch den Erico mat 1:0 a Féierung gaangen.

De Veräin aus Slowenien hat méi Ballbesëtz, souwuel an der éischter wéi och an der zweeter Hallschent. Bei de Golchancë war et allerdéngs ausgeglach.

Wéi schonn alles no enger 1:0-Victoire ausgesinn huet, koum NK Maribor nach an der 96. Minutt zum Ausgläich duerch den Arnel Jakupovic... an dat obwuel eigentlech just 5 Minutte sollten nogespillt ginn. Direkt no deem Gol gouf de Match dann och beim Stand vun 1:1 ofgepaff.

Den 3. August um 20.30 Auer ass dann de Retourmatch a Slowenien.

Gzira United - F91 Diddeleng 2:0

Resumé Conference-League-Qualifikatioun / Reportage Serge Olmo

2:1 doheem an 3:2 auswäerts konnt sech Diddeleng am éischten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun géint St.Patrick’s Athletic aus Irland duerchsetzen. Mat Gzira United aus Malta hat een awer een anere Géigner virun der Broscht. Eng Ekipp, déi onangeneem ze spillen ass an iwwert déi een net all ze vill wousst am Virfeld.

An der 1. Hallschent vum Match haten déi Diddelenger 70% Ballbesëtz, konnten dat awer net an e Gol ëmmënzen, och wann ee 5 Mol Richtung Gol geschoss hat, wouvun awer just 2 Schëss kadréiert waren.

Gzira ass kuerz no der Paus duerch de Macula mat 1:0 a Féierung gaangen, dëst an der 54. Minutt. Vun der 60. Minutt u war Diddeleng da just nach zu 10 um Terrain. De Yahcuroo Roemer hat an der 15. Minutt eng giel Kaart kritt... an an der 2. Hallschent, och nees no genee 15 Minutten, war et déi Giel-Rout an hien huet mussen an d’Kabinnen.

An et sollt nach méi batter gi fir déi Diddelenger, well an der 79. Minutt konnt de Mëttelfeldspiller Zachary Scerri fir d’Ekipp aus Malta op 2:0 erhéijen.

Och an der zweeter Hallschent hat Diddeleng nees méi Ballbesëtz, ma um Enn war et awer eng batter 0:2-Néierlag fir den F91 Diddeleng.

De Retourmatch ass den 2. August um 19.30 Auer zu Diddeleng an do muss da scho ganz vill richteg klappen, fir dass Diddeleng nach en Tour weider kënnt.

Back to Top
CIM LOGO