Schi AlpinFederica Brignone behaapt sech zu St. Moritz

RTL Lëtzebuerg
Am Super G konnt sech d'Italienerin knapps virun hirer Landsfra Elena Curtoni duerchsetzen. Bei den Häre gouf et am Slalom eng franséisch Victoire.
© AFP

E Sonndeg gouf et zu St. Moritz an der Schwäiz am Super G eng italienesch Doppelvictoire bei den Dammen. Mat engem Virsprong vun 0.11 Sekonnen huet sech um Enn d’Federica Brignone virum Elena Curtoni d’Victoire geséchert. D’Leaderin aus dem General, Mikaela Shiffrin, huet sech wéi schonn e Samschdeg déi drëtt Plaz geséchert.

Zu Val d’Isère stoung bei den Hären de Slalom um Programm. Do huet sech um Enn de Clément Noël seng éischt Victoire gésechert. De Fransous konnt sech no zwee staarken Duerchgäng virum Schwed Kristoffer Jakobsen an dem Filip Zubcic aus Kroatien behaapten. Am General steet de Marco Odermatt weider un der Spëtzt.

Back to Top
CIM LOGO