FuttballFernando Santos ass neien Nationaltrainer vu Polen
Den 68 Joer ale Portugis huet säi Stull bei der portugisescher Nationalekipp missten nom Out op der WM am Katar raumen.
Säi gréissten Erfolleg war 2016 den EM-Titel mat Portugal. Bei Polen gëtt hien domat ënnert anerem Trainer vum Stiermer Robert Lewandowski.