
Dat huet de Futtball-Weltverband véier Deeg no der WM-Finall zu Sydney matgedeelt. Et géing een all Verhalen, dat géint d’Integritéit vu Persoune verstéisst, op d’Schäerfst verurteelen.
De Rubiales hat d’spuenesch Nationalspillerin Jennifer Hermoso e Sonndeg bei der Präisiwwerreechung nom 1:0 géint England op de Mond gekusst. D’Aktioun hat international fir Opreegung gesuergt a war vill kritiséiert ginn. D’Disziplinar-Kommissioun préift elo e Verstouss géint den Artikel 13 vun der FIFA, an deem et ëm Beleidegung a Verstouss géint d’Grondsätz vum Fairplay geet.
De spuenesche Verband (RFEF) huet fir e Freideg eng aussergewéinlech Generalversammlung aberuff. De spuenesche Ministerpresident Pedro Sanchez huet vun engem “inakzeptabele Gest” geschwat, d’Entschëllegung vum Rubiales géing “net duergoen”. De Rubiales hat an engem Video-Message gesot, de Kuss wier “ouni krank Intentioun an engem Moment vu maximalem Enthusiasmus passéiert”.
Kuerz virun der FIFA-Matdeelung hat d’Hermoso an enger Stellungnam mat der Spillerinnegewerkschaft Futpro Konsequenze géint de Rubiales gefuerdert.
Neien Ament um Donneschdeg den Owend
Wéi verschidde spuenesch Medie mellen, hätt de Luis Rubiales senge Mataarbechter gesot, hie géif e Freideg vu sengem Posten als President vum spuenesche Futtballverband zerécktrieden. Eng offiziell Bestätegung gouf et um Donneschdeg den Owend nach net.